top of page

Et ass och eis Aventure .....

"Mir wëllen et mat Iech deelen"

​

Op d'Grondlage wellen zereck ze goen an hiert ganz iwwer aktift Geschäftsliewen opzehalen, hunn d'Sandra an de Steve ugefaang sech am Westen vu Kanada viru Joren em ze kucken. Am Joer 2017 wärend se an Alaska an an de Yukon gereest sinn, hunn se endlech hir Plaz fonnt. De Yukon.

 

Eng erstaunlech Plaz sou wëll a gefëllt mat onberéierter Natur. Dëst war d'Plaz wou se sou laang gesicht hunn.

De Caribou RV Park war ze verkaafen an et war genau d'Geschäft no deem si gesicht hunn, well dei beid erfueren Camper zënter hirem ganz jonken Alter reegelmeissesch duerch Europa, Kanada an d'USA reegelméisseg mat hiren eegenen Trailer a Mietcamperen gereest sinn.

 

Wärend se an de Summerméint de Camping bedreiwen, bidden se e ganz exklusive Wee un fir nërdlech arktesch Aktivitéiten am Wanter z'entdecken mat  gemittlechem Service an exzellenten Déngschtleeschtungen.

​

steve foto

Wärend hien eng Karriär am Management vun enger grousser Europäescher Bank fir bal 20 Joer gemaach huet am Bereich vum Clientsservice an der finanziellen Berodung , huet de Steve ëmmer no enger grousser Erfahrung gesicht dei iwwer d'Produkter erausgeet. Am Bereich Clientsfrëndlechkeet geet hien wierklech déi extra Meil fir Äre Komfort a wäert Iech vill erzielen iwwert de Yukon.

 

Hie schwätzt fléissend Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. Hien huet liicht Sproochkompetenzen op Hollännesch an Italienesch. Hien ass bekannt fir säi lëschtegen an erhuelsame Charakter deen ëmmer de richtege Witz bei der Hand huet.

 

Als ausgezeechente Scout war hien a Kontakt mat der Natur an dobaussen ab sengem ganz jonken Alter. Als fréiere fräiwëllege Pompjee an Ambulancier bleift hien ëmmer op der sécherer Säit a bitt Hëllef un wann néideg.

Hien geet gaere Feschen!

Sandra Foto

Aen ze hunn fir den klengsten Detail an ëmmer ze iwwerliwweren ass dem Sandra seng Hymn.

 

Nodeems d'Sandra fir Joeren an der Publiciteit an am Design geschafft huet, huet et seng eege Firma am Joer 2008 gegrënnt.

 

Et huet fir béid, Regierung a grouss international Firme geschafft, déi digital a gedréckte Mediedesign gesicht hun. Kleng Geschäfter an ASBLen goufen och mat beschtem Service servéiert a ware ëmmer frou direkt mam Sandra ze dinn ze hunn, daat hir Bedierfnesser verstanen huet.

 

D'Sandra ass fléissend an Englesch, Franséisch, Däitsch Lëtzebuergesch an Italienesch.

 

Handwierksaarbeschten a kachen ass seng Leidenschaft.

bottom of page